9 Jul 2015    2 commentaires

Generalversammlung vun den FEMMES LIBéRALES

vum Donneschdeg, den 11. Juni 2015

Am Cercle Munster war den 11. Juni 2015 Generalversammlung vun der Associatioun des Femmes Libérales.

No der Allocatioun vun eiser Presidentin Simone BEISSEL déi een plutôt negativen Referendum hannert sech hat, hat Josée Kayser d’Wuert , an Sie huet an kuerzen Wierder hiren Rapport d’Activités 2014-2015 ervirbruecht, an zwar : Reesen op München, an Toskana, an den Portugal bis Lissabon op München an net zu allerlescht op Berlin, an d’Konferenz iwwert den Referendum, Instrument de démocratie directe mat der Vize-Presidentin vun der Chamber , Madame Simone BEISSEL.

D’Josée Gielen huet säin Finanzrapport vum Joer ofginn an krut Decharge vun den Reviseuren vun der Kees.

Nodeem den Ordre du Jour ofgehaakt war, war et un eiser Responsabel vum CFNL, dem Christiane HALLER-FEITH, Presidentin bis Mëtt Mäerz 2015, Rapport iwwert den Conseil National des Femmes au Luxembourg ze ginn.

Sie gouf en interessanten Abléck op d’Schaffen vum CNFL an hier verschidden Aktivitéiten. De Fraerot, den 1975 gegrënnt ginn ass , feiert des Joer 40 Joer. Den CNFL ass eng Daachorganisatioun, vun 12 wichtegen, groussen Familienorganisatiounen, wou och d’ Association des Femmes Libérales am Conseil ass.

Den CNFL, den 200 Aktivitéiten an Engagementer am leschten Joer hat, huet och Vertriederinnen an externen Gremien, wéi am Comité du Travail Féminin, am Conseil Supérieur de l’Education Nationale, an der Commission nationale pour la coopération avec l’UNCESCO , an nach vill aanerer….

Den CNFL ass och den Träger vum Service Foyer-Sud, dësen Noutservice ass fir an akute Fäll den Fraen, déi Affer vun häuslecher Gewalt sinn, mat hire Kanner e provisoreschen Ennerdaach unzebidden. Déi Fraen, déi erëm kenne op eegene Féiss stoen, stinn dann leider duerno erëm virun éngen riesegen Wunnengsproblem hei zu Lëtzebuerg.

Den CNFL ass net parteipolitesch, méi Partei-iwwergräifend. Hien ass Uspriechpartner, wann zum Beispill d’Regierung , fir hiren international an europäesche Verflichtungen nozekommen, d’Société civile abezéien oder consultéieren muss.

Am Kader vun der lëtzebuergescher Présidence ( Juli-Dezember 2015) ass den Conseil op 2 europäeschen Gebidder täteg : den CECIF, den Centre européen des Conseils Nationaux des Femmes, gegrënnt 1988, an deem 23 Länner vertrueden sinn. Zum aneren ass de Conseil och Member an der Unioun vun den Fraenorganisatiounen vun den klenge Länner.

Uganks Juni war zu Mondorf den Buergermeeschterdag, wou di nei Presidentin Claude WOLF den 20. Anniversaire vun der Gläichstellungspolitik Fraen & Männer am Kader vun den Gemengen beliicht huet, an d’Christiane HALLER déi nei Broschüre « Les rues au féminin « konnt virstellen. Säit der éischter Ausgab 2009, sinn 30 nei Fraenstroossennimm dobäi komm.

Zu Mamer ass och eng Strooss nom Marie-Jeanne BIRCKEL benannt ginn, an 2 Stroossen an der Stad ginn no den Nimm vun der Annette SCHWALL-LACROIX & Jeanne ROUFF no sech benannt.

Den Conseil fiert och mat senger Sensibiliséierungsaarbecht an dem Beräich weider. Verschidden Konferenzen iwwert Accidents Vasculaires Cérébraux hunn schonn stattfonnt.

Dem Christiane HALLER seng Begeeschterung, an säint Engagement wollt ech Iech all mat deelen mat sengen Wierder : Bei den Aarbechten vun CNFL geet et ëm eng Komplémentarbéischt, et geet ni em eent G’EINT eneen, mä ëm een MATENEEN, nei Wee’er entstinn, wann een se geet.

En Don vun Säiten vun der Associatioun Femmes Libérales huet duerno den Herr P. SCHMITT, President vun der Associatioun EPI, Association pour l’encouragement, la promotion et l’intégration de jeunes et de jeunes adultes en détresse, entgéintgeholl.

EPI, ass eng Association reconnue d’utilité publique, an Member de Don en Confiance Luxembourg , ASBL.

Mir maachen elo Vakanz, an duerno mellen mir eis erëm !!!

Nicole Sontag-Hirsch





Commentaires


posté par: replica watches uk, le 7 June 2017 à 09:33 heures

This is a great watch
Successful person’s selectionreplica watches uk
Identity status symbolizes only one watch to prove your advantage
You just need a symbol of this watchrolex kopior


posté par: JenelleStevenson, le 22 June 2018 à 11:08 heures

Solid streamz app is a live Solid Streamz TV streaming app that wouldn’t let you miss your favourite shows even while you’re on the go.









octobre 2018
M T W T F S S
1 2 3 4 5 6 7
8 9 10 11 12 13 14
15 16 17 18 19 20 21
22 23 24 25 26 27 28
29 30 31 1 2 3 4
A la une